D’Madamm Delarü ass e Stroossenhond an nach vill méi: Et ass och den Titel vun eise Geschichte mat vill Häerz, fir Elteren, Jonkbliwwener a Kanner.
Firwat?
Fir d'lëtzebuergesch Kannerbuchzeen a -literatur ze fërderen. A fir jonken Elteren ënnert d’Äerm ze gräifen, wann hinnen de Liesstoff fir hir Kanner ausgeet.
Wou?
D’Geschichten a Kapitele vu Madamm Delarü ginn hei um Site publizéiert. Si sinn zu 100% selfmade, op Lëtzebuergesch a gratis.