Haut war net der Madamm Delarü hiren Dag. De Bësch an der Géigend vum Asyl, an deem si gebuer an opgewuess ass, ass ofgebrannt. Si huet hire Lieblingsmënsch verluer. Si ass mat Kazen an e Camion gespaart ginn. Op all Arrêt ass d’Gedrumms a Getuuts vun den Auto méi haart ginn. An de Camionschauffer, un deen si sech grad gewinnt hat, huet einfach engem frieme Mënsch hir Léngt an de Grapp gedréckt.

D’Meedchen ass e puer Tier mat hir ronderëm de Parking gaangen. Mee de Kaméidi, dee vun der Strooss komm ass, war esou haart, dass sech d’Madamm Delarü guer net fir hir Ëmwelt a fir d’Spuere vun de Muppen, déi virun hir do waren, interesséiert huet. Ausserdeem hat si guer keng Loscht, dem Meedchen, dat si guer net kannt huet, ze follegen an huet kräiz a quier an all Himmelsrichtungen un der Léngt gezunn. Si wollt einfach fort. D’Meedche schéngt hir Gedanke gelies ze hunn an ass mat hir vum Parking fort getrëppelt. Endlech, huet si geduecht, bis si gesinn huet, wou d’Rees higoe sollt: alt nees an den Auto.

Wärend der Faart huet d’Meedchen ëmmer rëm kuerz duerch de Réckspigel op si gekuckt an huet hir seng Hand virun d’Schnuff gehalen. Ganz virsiichteg huet si drun geschnoffelt. Obwuel d’Angscht grouss war, war de Virwëtz méi staark. Mee och en anert Gefill ass ëmmer weider an hir gewuess: d’Middegkeet. Gefillt war d’Madamm Delarü schonn éiweg ënnerwee, ouni ze wëssen, wat si erwaarde géif. Op der Réckbänk huet si domat gekämpft, d’Aen opzehalen. Si duerft elo net verpassen, wat geschitt.

A just am Moment, an deem si de Kampf mat der Middegkeet bal verluer hätt, ass den Auto méi lues ginn an op eemol ganz stoe bliwwen. Gespaant hunn sech hir Oueren opgestallt, d’Dier nieft hir ass opgaangen an d’Meedchen huet si aus dem Auto gehuewen. Lo stoung si nieft him an huet op en Haus gekuckt, dat ganz anescht ausgesinn huet, wéi dat am Asyl. Et ware lauter Haiser an enger Réi, déi iergendwéi matenee verbonne waren. D’Hausdier stoung scho grouss op. D’Meedchen ass e puer Schrëtt virun hir an d’Haus gaangen. Och ouni Léngt wär d’Madamm Delarü him virwëtzeg hannendrun getrëppelt.

D’Meedchen huet d’Madamm Delarü mat an en Zëmmer geholl, dat kengem Zëmmer geglach huet, dat si jee gesinn hat. Hei gouf et keng Brëtsch a keng Wo an iwwerhaapt huet guer näischt sëlwereg geblénkt. Am Géigendeel hunn d’Saachen, déi am Zëmmer stoungen, ausgesi wéi wann se selwer sou eppes wéi e Pelz hätten. Anerer waren aus Holz. An der Mëtt vum Raum stoung eppes, dat ausgesinn huet, wéi e risege Muppekuerf an direkt niewendrun, e richtege Muppekuerf, dee komescherweis der Madamm Delarü hir Gréisst hat.

Ganz lues huet sech d’Meedche bei si geknéit an hir d’Léngt ausgedoen. Onsécher ass d’Madamm Delarü zwee, dräi Schrëtt no vir gaangen an huet hire Kapp gesenkt. Mat hirer Nues huet si probéiert, Gefor ze erschnoffelen, mee si konnt näischt Komesches richen. Och hiert Bauchgefill huet net Alarm geschloen. Ganz lues huet si sech duerch de Raum beweegt an dobäi ëmmer rëm op d’Meedche gekuckt, wat roueg bei der Dier stoe bliwwen ass. Si huet esou vill verschidde Saache gericht, Iessen a Parfumen, déi si virdrun nach ni an der Nues hat. De klengen, eidele Muppekuerf huet d’Madamm Delarü besonnesch genau ënnersicht. En anere Mupp konnt si nämlech net richen. Direkt niewendrun stoung eng Schossel mat Waasser, eng mat Fudder an an der Mëtt vum Kuerf louch eng pelzeg Spillsaach! Ganz gemälleg, ma mësstrauesch, huet si sech an de Kuef geluecht. Anescht wei erwaart, ass keen aneren Hond gelaf komm, fir seng Plaz ze verdeedegen.

Dofir ass awer d’Meedche lues op d’Madamm Delarü zoukomm an huet him nach eng Kéier seng Hand virun d’Schnuff gehalen. Ouni laang ze zecken, huet si doru geschnoffelt a sech e puer Mol em sech selwer gedréit. Duuss ass hir eppes iwwert de Kapp gestrach, mee ganz sécher konnt sech d’Madamm Delarü net sinn, ob d’Meedchen si wierklech geheemelt hat oder ob si dat nëmme gedreemt hat.

Wéi op enger Wollek huet d’Madamm Delarü geschlof. A si hätt och näischt dogéint, nach e bësse weider ze schlofen, wann do net dat dréckend Gefill an der Géigend vun hirem Bauch wier. Nach midd mécht si hir Guckelcher op a mierkt: Ech si jo guer net méi am Asyl! No puer Sekonne konnt si sech rëm un hir wäit Rees erënneren. Hire Bléck ass duerch d’Zëmmer gewandert. Am Däischtere konnt si net sou vill gesinn. Awer si wousst, dass d’Meedchen an deem grousse Muppekuerf nieft hir leie géif. Och hatt huet geschlof. Nach e bësse veronséchert ass si opgestanen an huet dem Meedchen säin Aarm mat hirer fiichter Nues ugestupst. Well hir Nues sou kal war, ass d’Meedchen e bëssen erféiert an d’Madamm Delarü direkt mat. Trotzdeem hat hatt si verstanen.

Lues ass d’Meedchen bei si komm an huet hir d’Léngt rëm ugedoen. Duerch e klenge Gank ass et bei eng Dier gaangen. D’Madamm Delarü wollt scho frou hannendrun trappen, bis si gesinn huet, dass et hannert der Dier näischt ze gesi war, bis op en däischtert Lach. D’Meedche war schonn am gaangen an d’Lach erofzeklammen, mee do géif si op kee Fall higoen. Wien weess, wat an der Däischtert op si lauere géif?

Wärend Zäit vergaangen ass an d’Meedchen hir gefléift huet, ass den Drock an hirem Bauch ëmmer méi staark ginn. D’Meedchen huet souguer probéiert, si mat Leckerlien erofzelackelen, mee och dorop ass si net eragefall. Et huet mol duuss, mol e bësse méi fest un der Léngt gezunn, awer d’Madamm Delarü ass stuer sëtze bliwwen.

D’Meedchen ass e puer Schratt op d’Madamm Delarü zoukomm an huet si net nëmmen ugepaakt, mee och nach probéiert, si opzehiewen. Wat ze vill war, war ze vill. D’Madamm Delarü ass panesch vun deem däischtere Lach fort gelaf an ass am Gank an eng Dier gerannt, déi net richteg an der Klensch war. Eleng stoung si an engem Raum, dee virun allem no Iesse gericht huet. Op eemol huet hannert hir eng Maschinn ugefaangen ze dauschen, wat d’Madamm Delarü esou erféiert huet, dass si net méi anescht konnt, wéi dem Drock an hirem Bauch nozeloossen. D’Meedche stoung an der Dier an huet si an der Mëtt vun der Kiche kauere gesinn, ënnert hir e grousse, giele Pull. Si hat mat villem gerechent: dass d’Meedche mat hir jäize géif, dass et hir eng Schlapp nogeheien oder dass et si aus dem Haus geheie géif.

Entgéint aller Erwaardung huet d’Meedchen einfach de Pull opgebotzt, ouni e Wuert ze soen. Et huet sech roueg bei d’Madamm Delarü geknéit. Nees huet et probéiert, si opzehiewen. Dës Kéier huet si sech net gewiert. Si hat sech scho genuch geleescht. D’Meedchen ass mat hir zréck bei dat däischtert Lach gaangen an, zesummen, sinn si an d’Däischtert erofgaangen. An deem Moment huet d’Madamm Delarü hir Ae ganz fest zougepëtzt a gespuert, dass hatt si ganz festgehalen huet.

Ënnen ukomm huet d’Madamm Delarü gesinn, dass virun hir nach eng Dier war. Déi huet awer net an en anere Raum, mee no bausse gefouert. Dat konnt si ganz kloer richen. Begeeschtert ass si déi dräi Träppleker eropgejauft, raus an de Gaart.