D’Madamm Delarü hat Verännerungen net extra gären. Et gouf zwar och schéi Verännerungen: Zum Beispill, dass de Monsieur bei si geplënnert ass a si lo e richtege Ruddel waren. Mee Verännerunge waren einfach … ustrengend. Ustrengend war et och grad fir d’Meedchen an de Monsieur, déi esou vill geschafft hunn, dass si net esou vill Zäit fir d’Madamm Delarü haten, wéi si sech vun hinne gewënscht hätt. Mee op eemol ass kee méi vun hinne schaffe gaangen. Op eemol souze si allen zwee de ganzen Dag doheem.

Bal de ganzen Dag souze si um Schreifdësch an hunn op deene komesche Këschte ronderëm geklimpert. Dat konnt d’Madamm Delarü zwar net richteg verstoen, mee egal: D’Haaptsaach hir zwee Liblingsmënsche ware bei hier, hu si méi oft geheemelt a si vill méi laang mat hir spadséiere gaangen.

Beim Spadséiere goen, ass hir awer opgefall, dass vill méi Mënschen a Muppen op den Trëppelweeër ënnerwee ware wéi je. Hir Liblingsmënsche ware wuel net déi eenzeg, déi elo vill méi Zäit doheem verbruecht hunn. Och déi léif Dogwalkerin, déi heiansdo komm ass, fir mat der Madamm Delarü spadséieren ze goen, wann d’Meedchen an de Monsieur besonnesch vill geschafft hunn, ass net méi komm. Si war zwar frou mat hir – a mat der Dogwalkerin waren och ëmmer nach e puer aner Muppe mat um Tuer, déi d’Delarü gutt leide konnt – mee am léifsten huet si Zäit mat hire Liblingsmënsche verbruecht. An dës huet si richteg genoss.

No e puer Wochen doheem huet sech d’Flemm ageschlach, dat konnt d’Madamm Delarü spieren. D’Stëmmung vun hire Liblingsmënsche war richteg gedréckt. Och hir ass et net vill anescht gaangen: De Gaart ass hir all Dag méi kleng virkomm. An d’Trëppelweeër? Langweileg géif si se elo net gären nennen, well et jo all Dag eppes Neies ze erschnoffele gouf, mee iergendwéi ass souguer der Madamm Delarü een Dag wéi deen anere virkomm.

„Mir mussen eppes änneren“, sot de Monsieur. D’Meedche wosst, dass hie Recht hat, mee hatt hat, wéi d’Delarü, och net esou vill Loscht op Verännerung. Trotzdeem huet hatt sech iwwerwonnen – an et hu sech sou vill Saache verännert! Amplaz all Dag doheem op senger Këscht ronderëm ze klimperen, huet d’Meedchen d’Madamm Delarü e puer Deeg an der Woch mat op de Büro geholl. Och hei souz si op hirer Këscht ronderëm ze klimperen, mee si war net déi eenzeg: Am Büro waren nach eng aner Madamm an en anere Monsieur, déi d’Madamm Delarü mat oppenen Äerm opgeholl a mat Leckerlie gefiddert hunn. An der Mëttesstonn si si schéi spadséiere gaangen, an de Park a laanscht d’Uelzecht.

Wärend d’Mënschen am Büro geschafft hunn, louch d’Madamm Delarü zesummegerullt op hirer Plaz. Vu baussen hätt e villäicht kéinte mengen, dass si géif schlofen. Mee si hat ëmmer entweder een Ouer an der Luucht oder een A oppen. Si huet op d’Mënschen am Büro opgepasst, déi hir ganz séier un d’Häerz gewuess sinn. An op emol hat d’Madamm Delarü – de Mupp, dee kee wollt – net ee Ruddel, mee zwee!

Eppes hat d’Madamm Delarü geleiert: Am Liewe geschitt heiansdo net vill Spannendes. An heiansdo geschitt alles mateneen. Bei hir, dem Meedchen an dem Monsieur sinn op emol esou vill Saache geschitt, dass si bal net méi wousst, wou si dru war(en). Als éischt waren hir Liblingsmënsche vill méi oft doheem, dann ass si mat op de Büro gaangen. An elo? Jo, elo, ass iergendwéi grad e bëssen déi zwee geschitt an dat huet d’Madamm Delarü och flott fonnt. Trotzdeem huet si gemierkt, dass d’Stëmmung doheem net besser ginn ass, egal wéi vill Méi sech d’Meedchen an de Monsieur ginn hunn.

Doheem war einfach ganz vill Kaméidi. Net am Sënn, dass d’Meedchen an de Monsieur sech an den Hoer haten, mee einfach am Sënn vu Kaméidi: Et huet un d’Mauer geklappt, gehummert a geschloen. Souguer d’Madamm Delarü huet keen A méi zoukritt. Dobäi huet si sou gäre geschlof, bal esou vill wéi eng Kaz, sot d’Meedchen ëmmer. Si huet hire Liblingsmënschen dobäi nogekuckt, wéi si krank vun dësem Kaméidi gi sinn. Mee op eemol ass et esou gaangen, wéi mam Büro. De Monsieur sot nees: „Mir mussen eppes änneren“, an d’Meedchen huet nees säi Courage zesummegeholl an Neel mat Käpp gemaach.

Éier sech d’Madamm Delarü versinn huet, souz si an engem Haus voller Kartongskëschten. An der Kiche ware Këschten, an der Stuff ware Këschten, jo souguer op der Terrass waren all d’Saache gepackt! Wat hat dat nëmmen ze bedeiten?

 

D’Madamm Delarü huet e puer Deeg Vakanz bei der Mamma vum Meedche gemaach. Si war sou gären hei, well d’Bomi hat och en Hond, de Pucki, a mat deem huet si sech super verstanen. (Ausserdeem huet d’Bomi dem Delarü ëmmer vill méi Leckerlie gi wéi d’Meedchen.)

Wou hir Liblingsmënsche d’Madamm Delarü siche komm sinn, huet si sech enorm gefreet. Si huet mam Schwanz gewackelt, ass op der Plaz ronderëm gesprongen an huet ganz frou gelaacht. Mee wou si zesummen Heem gefuer sinn, huet si sech guer net méi zu Recht fonnt. Si waren an engem ganz aneren Haus an och hei stoungen nach ëmmer vill Kartongskëschten. Mee Kaméidi gouf et keen. D’Haus huet och ganz anescht gericht wéi hiert Haus.

Da sinn hir Liblingsmënsche mat hir op d’Terrass gaangen an d’Delarü huet weder sengen Aen nach senger Nues getraut: E risege Gaart huet op si gewaart. Meedchen, Monsieur a Mupp hunn sech allen dräi nach ni esou gefreet.