About

Logo

About

D’Madamm Delarü war e Stroossenhond, dee kee wollt. Géint hir Schicksal huet si Mënsche fonnt, déi frou mat hir waren. Mee am Alldag hat si heiansdo nach mat sech ze kämpfen a misst hire ganze Courage zesummebréngen! D’Madamm Delarü ass awer nach vill méi, wéi e Stroossenhond, deen sech net wollt ënnerkréie loossen. Nieft dem Numm vun eiser Protagonistin, ass et och den Titel vun eise Geschichte mat vill Häerz, fir Elteren, Jonkbliwwener a Kanner. Si solle Grouss a Kleng motivéieren, bei Schwieregkeeten net direkt d’Bengele bei d’Tromm ze geheien. Mee – wéi eis Heldin – ni opzeginn, egal, wéi vill een sech dofir iwwerwanne muss. An d’Geschichte sinn do, fir engem e Schmunzelen an d’Gesiicht ze zauberen.

D’Kapitelen a Geschichte vu Madamm Delarü ginn online a komplett gratis publizéiert.

Mir wënschen Iech ganz vill Freed beim Liesen a Virliesen!

D'Autrice

D’Autrice

 

D’Autrice vu Madamm Delarü hëlt vill Inspiratioun aus hirem Alldag. Speziell vun hirem eegene Mupp, dee selwer e Stroossenhond war a ni midd ginn ass, hir ze weisen, wéi schéin d‘Liewen dach ass. Dës onermiddlech Liewensfreed wëll si mat anere Mënschen deelen. D’Françoise huet Literatur studéiert an ass fräi Journalistin zu Lëtzebuerg. D’Texter fir Madamm Delarü huet si an hirer Mammesprooch verfaasst, net zulescht, well si sech un d’Guttnuecht-Geschichten aus hirer Kandheet zeréckerënnert huet, déi oft – an dat waren déi Bescht! – spontan Eegekreatioune vun hirer Mamm waren.

De Webmaster

De Webmaster

 

Natierlech huet Madamm Delarü och e Webmaster, dee ganz vill Häerzblutt an Zäit dra gestach huet, dës Websäit speziell fir eis ze designen an ze programméieren. Ouni de volontairen Asaz vum Sven wär et net méiglech gewiescht, de Projet an d’Realitéit ëmzesetzen. Bei allen informateschen an technesche Froe steet hien eis zur Säit a beméit sech ëmmer dorëms, praktesch a schéi Léisungen ze fannen. Dofir un dëser Plaz e ganz grousse MERCI fir säin Engagement a seng Ënnerstëtzung!

Ons Motivatioun

Firwat hu mir Madamm Delarü lancéiert?

  • aus Spaass
  • aus Freed um Schreiwen, Liesen a Virliesen
  • fir d’lëtzebuergesch Kannerbuchzeen a Literatur fir Kanner a Jonkbliwwener ze fërderen
  • fir jonken Elteren ënnert d’Äerm ze gräifen, wann hinnen de (Vir-)Liesstoff fir hir Kanner ausgeet

Wou wëlle mir hin?

  • Bei Madamm Delarü geet et net em Finanzen, mee em dat Emotionaalt an Tëschemënschlecht.
  • Mat de Geschichte wëlle mir ënnert anerem vermëttelen, dass Hënn aus europäeschen a lëtzebuergeschen Déierenasyler, eng Chance verdéngt hunn, a genau esou wéi Hënn vum Ziichter schnell zu onverzichtbare Familljemembere ginn. Si hunn d’Hëllef just vill méi dringend néideg, #adoptdontshop.
  • De Projet ass e multimediaalt Experiment an ass flexibel a senger Entwécklung –  ob d’Geschichten elo als Hörbicher vertount ginn oder Madamm Delarü als klassescht Kannerbuch (print) erauskënnt. Bleift dobäi a fannt et raus!
Hearts

Stay kind & happy!

Mir freeën eis wéi geckeg op Är Ënnerstëtzung a wënschen Iech ganz vill Spaass mat eisem Häerzensprojet. Är Meenung an Är Wënsch kënnt Dir eis gären iwwer eis Kontakt-Sait matdeelen!

Äert Team Delarü