Bibliothéik

10. Am Fréijoer

10. Am Fréijoer

D’Madamm Delarü hält hir Schnuff héisch an d’Loft: Eppes aneres huet sech ënnert de Geroch vu Grass a Blieder gemëscht. Eppes, wat si schonn opmannst e Joer net méi gericht hat. Et sinn d’Bléie vun den Tulpen, Narzissen a Kiischtebeem. An dat kann nëmmen eppes heeschen: et ass Fréijoer. D’Fréijoer ass der Madamm Delarü hir absolutt Liblingssaison. Nodeems am Wanter alles ënnert enger décker Couche Schnéi (oder Reen) ageschlof ass, gëtt et an dëser Saison nees [...]
Weider liesen
9. Am Wandel

9. Am Wandel

D’Madamm Delarü hat Verännerungen net extra gären. Et gouf zwar och schéi Verännerungen: Zum Beispill, dass de Monsieur bei si geplënnert ass a si lo e richtege Ruddel waren. Mee Verännerunge waren einfach … ustrengend. Ustrengend war et och grad fir d’Meedchen an de Monsieur, déi esou vill geschafft hunn, dass si net esou vill Zäit fir d’Madamm Delarü haten, wéi si sech vun hinne gewënscht hätt. Mee op eemol ass kee méi vun hinne schaffe gaangen. Op eemol souze si [...]
Weider liesen
8. Am Ruddel

8. Am Ruddel

Et war e kalen Hierscht. Mee och dës Joreszäit war fir d’Madamm Delarü eppes ganz Fantastesches. Esou en Hierscht hat si nach ni erlieft. An hirem Heemechtsland war et nämlech méi waarm, wéi zu Lëtzebuerg, an tëscht de verschiddene Joreszäite konnt een net esou gutt ënnerscheeden. Am Park ass si duerch riseg, zesummegekierte Bliederkéip gejauft. Am Bësch huet si Käschten an Nëss, déi mol an hirer pickeger Schuel, mol plakeg um Buedem louchen erschnoffelt. An ganz vill [...]
Weider liesen
7. An der Vakanz

7. An der Vakanz

D’Madamm Delarü hat sech gutt agelieft. D’Liewen am Haus an am Gaart a virun allem d’Spadséiergäng duerch de Bësch ware genau hires. Si hat ëmmer genuch ze drénken, ze frupsen, ze spillen an ze schnoffelen. Am Park huet si oft de Sherlock an aner Muppe begéint a sech mat hinnen ausgetosch. Si hat einfach dat perfekt Muppeliewen. Mee enges Daags ass d’Meedche moies opgestanen an huet ugefaangen, seng Saachen an eng kleng stofte Këscht mat Rieder ze paken: Kleeder, Bicher, [...]
Weider liesen
6. An der Hondsschoul

6. An der Hondsschoul

„Den Hond kann näischt“, huet den Hondstrainer gesot. Dat huet weder dem Meedchen nach der Madamm Delarü gefall. Am leschte Mount hat si esou vill geleiert: wéi ee gutt nolauschtert, wéi een Trape geet, wéi een an den Auto klëmmt a wéi ee bei enger rouder Luucht waart. „Den Hond ka kee ‚Sitz‘ a kee ‚Plaz‘“, sot de Mann. Also huet hien dem Meedche bäibruecht, wéi een engem Mupp dat bäibréngt. D’Madamm Delarü huet schnell begraff, dass si sech bei dëse Kommandoe [...]
Weider liesen
5. Am Park

5. Am Park

Am Gaart huet et herrlech gericht, no Planzen a Blummen, déi d’Madamm Delarü nach ni mat hirer Nues wouergeholl hat. Si huet de ganze Gaart erschnoffelt, all Grashallem, deen si interessant fonnt huet. Et huet och no aneren Deiere gericht, no Villercher a Mais. Ganz vill Zäit huet si sech geholl, fir des nei Plaz kennenzeléieren. Ëmmer rëm huet si e Bléck no hanne geheit. D’Meedche war hanne bei der Gaardendier stoe bliwwen an huet hir déi Zäit a Plaz gelooss, déi si [...]
Weider liesen
4. Am Märchen

4. Am Märchen

Haut war net der Madamm Delarü hiren Dag. De Bësch an der Géigend vum Asyl, an deem si gebuer an opgewuess ass, ass ofgebrannt. Si huet hire Lieblingsmënsch verluer. Si ass mat Kazen an e Camion gespaart ginn. Op all Arrêt ass d’Gedrumms a Getuuts vun den Auto méi haart ginn. An de Camionschauffer, un deen si sech grad gewinnt hat, huet einfach engem frieme Mënsch hir Léngt an de Grapp gedréckt. D’Meedchen ass e puer Tier mat hir ronderëm de Parking gaangen. Mee de [...]
Weider liesen
3. Am Camion

3. Am Camion

De Geroch war esou staark, dass d’Madamm Delarü en souguer am Schlof gericht huet. E puer Deeg nodeems en fir d’éischte Kéier opgetaucht war, konnt si deck, gro a schwaarz Wolleke gesinn, déi vum Buedem an den Himmel eropgezu sinn. Reegelméisseg si Maschinne vun de Mënschen iwwert d’Asyl geflunn. Déi hunn sou e schreckleche Kaméidi gemaach, dass sech d’Muppen – souguer déi Couragéiertste vun hinnen – am léifste verstoppt hätten. D’Madamm Delarü war déif a [...]
Weider liesen
2. Am Asyl

2. Am Asyl

„Delarü!“, a schonn ass et gejauft komm. Wann d'Mënschen an den Zwinger komm sinn, war ëmmer groussen Ustuerm. Jidderee wollt vun hinne geheemelt ginn. Verschidde Muppe sinn och mat hinne gaangen an dono nimei eremkomm. Am Asyl gouf vill doriwwer gerätselt, wat mat hinne geschitt ass. Mee déi meeschte Muppe waren dovun iwwerzeegt, dass et nach eng aner Welt ausserhalb vum Asyl géif ginn an dass, wann ee sech ganz gutt schécke géif, iergendwann e ganz bestëmmte Mënsch [...]
Weider liesen
1. Am Bësch

1. Am Bësch

Et war stackdäischter. D‘Delarü huet esou gutt wéi näischt gesinn, mee et konnt et richen: Nëmmen e puer Meter vun him fort, um Stroosserand, louchen d’Reschter vun engem säftege Salamisbréitchen. Et hat esou en Honger, dass säi Mo scho méi haart grommele konnt wéi hat. Mee sollt hatt et wierklech riskéieren, aus senger Stopp ze huschen, fir sech dat Bréitchen ze kropen? Hei op der Strooss war et geféierlech, dat wosst dat klengt Delarü besser wéi all aneren. Seng [...]
Weider liesen