No e puer Wochen doheem huet sech d’Flemm ageschlach, dat konnt d’Madamm Delarü spieren. D’Stëmmung vun hire Liblingsmënsche war richteg gedréckt. Och hir ass et net vill anescht gaangen: De Gaart ass hir all Dag méi kleng virkomm. An d’Trëppelweeër? Langweileg géif si se elo net gären nennen, well et jo all Dag eppes Neies ze erschnoffele gouf, mee iergendwéi ass souguer der Madamm Delarü een Dag wéi deen anere virkomm.

„Mir mussen eppes änneren“, sot de Monsieur. D’Meedche wosst, dass hie Recht hat, mee hatt hat, wéi d’Delarü, och net esou vill Loscht op Verännerung. Trotzdeem huet hatt sech iwwerwonnen – an et hu sech sou vill Saache verännert! Amplaz all Dag doheem op senger Këscht ronderëm ze klimperen, huet d’Meedchen d’Madamm Delarü e puer Deeg an der Woch mat op de Büro geholl. Och hei souz si op hirer Këscht ronderëm ze klimperen, mee si war net déi eenzeg: Am Büro waren nach eng aner Madamm an en anere Monsieur, déi d’Madamm Delarü mat oppenen Äerm opgeholl a mat Leckerlie gefiddert hunn. An der Mëttesstonn si si schéi spadséiere gaangen, an de Park a laanscht d’Uelzecht.

Wärend d’Mënschen am Büro geschafft hunn, louch d’Madamm Delarü zesummegerullt op hirer Plaz. Vu baussen hätt e villäicht kéinte mengen, dass si géif schlofen. Mee si hat ëmmer entweder een Ouer an der Luucht oder een A oppen. Si huet op d’Mënschen am Büro opgepasst, déi hir ganz séier un d’Häerz gewuess sinn. An op emol hat d’Madamm Delarü – de Mupp, dee kee wollt – net ee Ruddel, mee zwee!