D’Madamm Delarü war iwwerglécklech, well d’Meedchen iwwerglécklech war. Enges Owes hu si Besuch kritt, vun engem Monsieur, deen si nach net kannt huet. D’Madamm Delarü war dru gewinnt, dass heiansdo Frënn a Frëndinne vum Meedchen op Besuch komm sinn.

Muncher konnt si ganz gutt leiden, anerer e bësse manner, mee dat wollt si dem Meedchen net esou weisen, aus Héiflechkeet. Dësen Owend war awer, wie gesot, e Monsieur komm, deen d’Madamm Delarü nach ni gesinn hat. Och hien huet eng Aura voller Freed mat an d’Haus bruecht an huet esou gutt gericht, dass si guer net konnt, wéi hie sympathesch ze fannen.

Zesumme souze si zu dräi um Kannapee an hunn e Film gekuckt. Si hu gelaacht a gegeckst an d’Madamm Delarü geheemelt a gekrault. Esou frou hat si d’Meedche scho laang net méi – neen, nach ni – gesinn, a si konnt net anescht, wéi sech genau esou wéi hatt an de Monsieur ze verléiwen.