D’Madamm Delarü huet e puer Deeg Vakanz bei der Mamma vum Meedche gemaach. Si war sou gären hei, well d’Bomi hat och en Hond, de Pucki, a mat deem huet si sech super verstanen. (Ausserdeem huet d’Bomi dem Delarü ëmmer vill méi Leckerlie gi wéi d’Meedchen.)

Wou hir Liblingsmënsche d’Madamm Delarü siche komm sinn, huet si sech enorm gefreet. Si huet mam Schwanz gewackelt, ass op der Plaz ronderëm gesprongen an huet ganz frou gelaacht. Mee wou si zesummen Heem gefuer sinn, huet si sech guer net méi zu Recht fonnt.

Si waren an engem ganz aneren Haus an och hei stoungen nach ëmmer vill Kartongskëschten. Mee Kaméidi gouf et keen. D’Haus huet och ganz anescht gericht wéi hiert Haus.

Da sinn hir Liblingsmënsche mat hir op d’Terrass gaangen an d’Delarü huet weder sengen Aen nach senger Nues getraut: E risege Gaart huet op si gewaart. Meedchen, Monsieur a Mupp hunn sech allen dräi nach ni esou gefreet.