D’Madamm Delarü hält hir Schnuff héisch an d’Loft: Eppes aneres huet sech ënnert de Geroch vu Grass a Blieder gemëscht. Eppes, wat si schonn opmannst e Joer net méi gericht hat. Et sinn d’Bléie vun den Tulpen, Narzissen a Kiischtebeem. An dat kann nëmmen eppes heeschen: et ass Fréijoer.

D’Fréijoer ass der Madamm Delarü hir absolutt Liblingssaison. Nodeems am Wanter alles ënnert enger décker Couche Schnéi (oder Reen) ageschlof ass, gëtt et an dëser Saison nees waakreg. Mat de Blummeknospen, déi lues a lues aus dem Buedem rauskucken, sinn et och d’Geréch, déi zu dëser Joreszäit nees erbléien.

A wann d’Sonn méi oft erauskënnt an all Dag méi laang bleift, verbréngt d’Madamm Delarü vill méi Zäit mat hire Liblingsmënschen dobaussen. Am Gaart sonnt si sech gären an der Fréijoerssonn a kuckt hire Liblingsmënschen dobäi no, wéi si Blummen a Planz setzen.

Si genéisst et, bei hinnen ze sinn an ass och virwëtzeg, wat hire Mënschen alles sou afält. Well an engem Gaart gëtt et anscheinend nach vill méi Saachen ze dinn, wéi Lächer ze buddelen.