Eppes hat d’Madamm Delarü geleiert: Am Liewe geschitt heiansdo net vill Spannendes. An heiansdo geschitt alles mateneen. Bei hir, dem Meedchen an dem Monsieur sinn op emol esou vill Saache geschitt, dass si bal net méi wousst, wou si dru war(en). Als éischt waren hir Liblingsmënsche vill méi oft doheem, dann ass si mat op de Büro gaangen. An elo? Jo, elo, ass iergendwéi grad e bëssen déi zwee geschitt an dat huet d’Madamm Delarü och flott fonnt. Trotzdeem huet si gemierkt, dass d’Stëmmung doheem net besser ginn ass, egal wéi vill Méi sech d’Meedchen an de Monsieur ginn hunn.

Doheem war einfach ganz vill Kaméidi. Net am Sënn, dass d’Meedchen an de Monsieur sech an den Hoer haten, mee einfach am Sënn vu Kaméidi: Et huet un d’Mauer geklappt, gehummert a geschloen. Souguer d’Madamm Delarü huet keen A méi zoukritt. Dobäi huet si sou gäre geschlof, bal esou vill wéi eng Kaz, sot d’Meedchen ëmmer. Si huet hire Liblingsmënschen dobäi nogekuckt, wéi si krank vun dësem Kaméidi gi sinn. Mee op eemol ass et esou gaangen wéi mam Büro. De Monsieur sot nees: „Mir mussen eppes änneren“, an d’Meedchen huet nees säi Courage zesummegeholl an Neel mat Käpp gemaach.

Éier sech d’Madamm Delarü versinn huet, souz si an engem Haus voller Kartongskëschten. An der Kiche ware Këschten, an der Stuff ware Këschten, jo souguer op der Terrass waren all d’Saache gepak! Wat hat dat nëmmen ze bedeiten?