D’Madamm Delarü hat Verännerungen net extra gären. Et gouf zwar och schéi Verännerungen: Zum Beispill, dass de Monsieur bei si geplënnert ass a si lo e richtege Ruddel waren. Mee Verännerunge waren einfach … ustrengend. Ustrengend war et och grad fir d’Meedchen an de Monsieur, déi esou vill geschafft hunn, dass si net esou vill Zäit fir d’Madamm Delarü haten, wéi si sech vun hinne gewënscht hätt. Mee op eemol ass kee méi vun hinne schaffe gaangen. Op eemol souze si allen zwee de ganzen Dag doheem.

Bal de ganzen Dag souze si um Schreifdësch an hunn op deene komesche Këschte ronderëm geklimpert. Dat konnt d’Madamm Delarü zwar net richteg verstoen, mee egal: D’Haaptsaach hir zwee Liblingsmënsche ware bei hier, hu si méi oft geheemelt a si vill méi laang mat hir spadséiere gaangen.

Beim Spadséiere goen, ass hir awer opgefall, dass vill méi Mënschen a Muppen op den Trëppelweeër ënnerwee ware wéi je. Hir Liblingsmënsche ware wuel net déi eenzeg, déi elo vill méi Zäit doheem verbruecht hunn. Och déi léif Dogwalkerin, déi heiansdo komm ass, fir mat der Madamm Delarü spadséieren ze goen, wann d’Meedchen an de Monsieur besonnesch vill geschafft hunn, ass net méi komm. Si war zwar frou mat hir – a mat der Dogwalkerin waren och ëmmer nach e puer aner Muppe mat um Tuer, déi d’Delarü gutt leide konnt – mee am léifsten huet si Zäit mat hire Liblingsmënsche verbruecht. An dës huet si richteg genoss.