Fir d’Madamm Delarü gëtt et näischt méi Schéines, wéi Zäit dobaussen ze verbréngen. Am Féijoer geet si net nëmme mat hire Liblingsmënschen spadséieren, et gëtt och méi dobausse gespillt – an si kann endlech rëm schwamme goen. Am Hierscht a Wanter ass d’Waasser vun de Baachen, Weieren a Séien nämlech leider ze kal.
Mee dëst Fréijoer war iergendwéi eppes anescht wéi soss. D’Sonn huet op sech waarde gelooss an dat huet net nëmmen d’Madamm Delarü, mee och hir Liblingsmënschen traureg gemaach. Amplaz stralend Sonn hu moies gro Wolleken op si gewaart. All Dag hu si zesummen aus der Fënster erausgekuckt a gehofft. Dobaussen huet et gereent, gedrëpst a geschott.
No enger Zäit hunn déi dräi et schonn esou gutt wéi opginn. Dëst Joer gëtt et wuel kee Fréijoer, denke si. Mee grad, wou si d’Hoffnung bal opginn, seet d’Meedchen, et hätt eng Iddi a geet aus dem Haus. Verwonnert kucke sech d’Madamm Delarü an de Monsieur un.