Wéi d’Madamm Delarü d’Sonn op hire wäisse Pelz schénge léisst, fält hir eppes an. Lescht Joer hat si sech eppes bei de Kaweechelcher ofgekuckt. Also huet si sech op d’Sich gemaach. Ëmmer der Nues no! Laanscht d’Hecken, eng Holzbänk a laanscht den Äppelbam – ganz hannen am Eck erschnoffelt si eppes.

Mat grousser Virfreed buddelt d’Madamm Delarü e Lach. Hir Nues seet hir ganz kloer: Hei waart eng Schneekegkeet op dech! An esou ass et och: Déif am Buedem läit eng Schank vergruewen. Wat e gudde Maufel! Genësserlech leet se sech nees an d’Sonn a knabbert un hirem Leckerli, deen duerch de Buedem scho ganz brong ginn ass. Elo war en extra lecker.

Esou Stoppen huet si der e puer am Gaart. Mee d’Madamm Delarü muss ëmmer virsichteg sinn, dass keen anere Mupp, dee si mol besicht, se fënnt. An, dass hir Liblingsmënschen d’Plazen net entdecken. Déi hunn et nämlech net esou gär, wa si lenks a riets Lächer am Gaart grueft. Mee esou huet jiddereen seng Geheimnisser. Souguer Muppen.