D’Madamm Delarü hält hir Schnuff héisch an d’Loft: Eppes aneres huet sech ënnert de Geroch vu Grass a Blieder gemëscht. Eppes, wat si schonn opmannst e Joer net méi gericht hat. Et sinn d’Bléie vun den Tulpen, Narzissen a Kiischtebeem. An dat kann nëmmen eppes heeschen: et ass Fréijoer.

D’Fréijoer ass der Madamm Delarü hir absolutt Liblingssaison. Nodeems am Wanter alles ënnert enger décker Couche Schnéi (oder Reen) ageschlof ass, gëtt et an dëser Saison nees waakreg. Mat de Blummeknospen, déi lues a lues aus dem Buedem rauskucken, sinn et och d’Geréch, déi zu dëser Joreszäit nees erbléien.

A wann d’Sonn méi oft erauskënnt an all Dag méi laang bleift, verbréngt d’Madamm Delarü vill méi Zäit mat hire Liblingsmënschen dobaussen. Am Gaart sonnt si sech gären an der Fréijoerssonn a kuckt hire Liblingsmënschen dobäi no, wéi si Blummen a Planz setzen.

Si genéisst et, bei hinnen ze sinn an ass och virwëtzeg, wat hire Mënschen alles sou afält. Well an engem Gaart gëtt et anscheinend nach vill méi Saachen ze dinn, wéi Lächer ze buddelen.

Wéi d’Madamm Delarü d’Sonn op hire wäisse Pelz schénge léisst, fält hir eppes an. Lescht Joer hat si sech eppes bei de Kaweechelcher ofgekuckt. Also huet si sech op d’Sich gemaach. Ëmmer der Nues no! Laanscht d’Hecken, eng Holzbänk a laanscht den Äppelbam – ganz hannen am Eck erschnoffelt si eppes.

Mat grousser Virfreed buddelt d’Madamm Delarü e Lach. Hir Nues seet hir ganz kloer: Hei waart eng Schneekegkeet op dech! An esou ass et och: Déif am Buedem läit eng Schank vergruewen. Wat e gudde Maufel! Genësserlech leet se sech nees an d’Sonn a knabbert un hirem Leckerli, deen duerch de Buedem scho ganz brong ginn ass. Elo war en extra lecker.

Esou Stoppen huet si der e puer am Gaart. Mee d’Madamm Delarü muss ëmmer virsichteg sinn, dass keen anere Mupp, dee si mol besicht, se fënnt. An, dass hir Liblingsmënschen d’Plazen net entdecken. Déi hunn et nämlech net esou gär, wa si lenks a riets Lächer am Gaart grueft. Mee esou huet jiddereen seng Geheimnisser. Souguer Muppen.

Fir d’Madamm Delarü gëtt et näischt méi Schéines, wéi Zäit dobaussen ze verbréngen. Am Féijoer geet si net nëmme mat hire Liblingsmënschen spadséieren, et gëtt och méi dobausse gespillt – an si kann endlech rëm schwamme goen. Am Hierscht a Wanter ass d’Waasser vun de Baachen, Weieren a Séien nämlech leider ze kal.

Mee dëst Fréijoer war iergendwéi eppes anescht wéi soss. D’Sonn huet op sech waarde gelooss an dat huet net nëmmen d’Madamm Delarü, mee och hir Liblingsmënschen traureg gemaach. Amplaz stralend Sonn hu moies gro Wolleken op si gewaart. All Dag hu si zesummen aus der Fënster erausgekuckt a gehofft. Dobaussen huet et gereent, gedrëpst a geschott.

No enger Zäit hunn déi dräi et schonn esou gutt wéi opginn. Dëst Joer gëtt et wuel kee Fréijoer, denke si. Mee grad, wou si d’Hoffnung bal opginn, seet d’Meedchen, et hätt eng Iddi a geet aus dem Haus. Verwonnert kucke sech d’Madamm Delarü an de Monsieur un.

„Et gëtt kee schlecht Wieder, nëmme schlecht Kleeder“, seet d’Meedchen, wou et rëm doheem ass zu der Madamm Delarü. Aus enger Kartongstut zaubert hatt e Stéck Stoff: Et ass e Reemantel, fir Muppen.

Am Ufank ass d‘Madamm Delarü net esou begeeschtert vun hirem neie Reemantel. De Stoff fënnt si e bëssen onbequeem oder éischter ongewinnt. Mee no enger Zäit gewinnt si sech drun, a mierkt, dass et guer net sou schlecht ass, wann hire Pelz bei deem Wieder net esou naass gëtt.

Éier d’Meedchen de Reemantel kaf hat, haten d’Madamm Delarü an hir Liblingsmënschen zimmlech vill Zäit dobanne verbruecht. Et huet déi ganzen Dag gereent, an heiansdo souguer geblëtzt a gedonnert. Mee elo maache si suguer bei staarkem Ree méi laang Touren duerch de Bësch. Vum Wieder hunn déi dräi sech net méi beandrocke gelooss. Och wann d’Madamm Delarü de Monsieur heiansdo lues soen héiert: „Wat e Fréijoer!“.