„Delarü!“, a schonn ass et gejauft komm. Wann d’Mënschen an den Zwinger komm sinn, war ëmmer groussen Ustuerm. Jidderee wollt vun hinne geheemelt ginn. Verschidde Muppe sinn och mat hinne gaangen an dono nimei eremkomm. Am Asyl gouf vill doriwwer gerätselt, wat mat hinne geschitt ass. Mee déi meeschte Muppe waren dovun iwwerzeegt, dass et nach eng aner Welt ausserhalb vum Asyl géif ginn an dass, wann ee sech ganz gutt schécke géif, iergendwann e ganz bestëmmte Mënsch kommen an ee vir ëmmer mat heem huele géif. D’Delarü ass also direkt gelaf komm. Mee amplaz geheemelt ze ginn oder e Leckerli ze kréien, hu si hat direkt matgeholl an hunn et – gebuet.

Géint d’Waasser hat hatt jo näischt, ganz am Géigendeel, mee déi aner Flëssegkeet, déi sou geschaimt huet, dat hätt net misse sinn. Se huet jo mol net gutt gericht! Dann ass et gedreschtent ginn, mat engem Apparat, deen esou vill Kaméidi gemaach huet, dass d’Delarü am léifste fortgelaf wär. De Kaméidi war fir hat bal net auszehalen, esou dass hat nach Minutte méi spéit um ganze Kierper geziddert huet.

No dëser manner gudder Iwwerraschung hu si dem Delarü eng Léngt ugedoen a si mat him ausserhalb vum Asyl spadséiere gaangen. D’Léngt huet him guer net gefall, sou dass hat ganz séier gemaach huet, fir hir ze entkommen. Mee dobäi huet hat esou schlecht Loft kritt. Nieft dem Mënsch, deen hat un der Léngt hat, war nach en aneren dobäi mat enger schwaarzer Këscht am Grapp, déi vun Zäit zu Zäit gelunge Geräischer vun sech ginn huet. D’Delarü misst „Sitz“ a „Plaz“ maachen, obwuel ni een him bäibruecht hat, wéi dat geet. Mee mat e puer Leckerlien – endlech – ass et iergendwéi gaangen.

Zum Schluss ass d’Delarü dann awer nach ganz laang geheemelt a gekrault ginn. D’Fangerspëtzten op sengem Pelz a senger Haut hunn sech esou waarm ugefillt, méi waarm wéi d’Sonn. D’Delarü huet dobäi eng Wiermt gespuert, déi vu banne komm ass an et iwwerglécklech gemaach huet.

De Mënsch, deen hat mat spadséiere geholl hat, war dem Delarü richteg un d’Häerz gewuess. Ëmmer wann hien an den Zwinger komm ass, fir d’Fudder oder soss eppes ze bréngen, ass et direkt op hien zougelaf, fir him Moien ze soen. Oft huet hien hat um Ouer gekrault oder him e Leckerli ginn, wann déi aner net opgepasst hunn. Dass säi Mënsch géif laanschtkommen, dat war fir d’Delarü de schéinsten Ament vum Dag.

Mee et goufen och Deeg, un deenen hie guer net komm ass. Un deenen Deeg louch d’Delarü traureg an engem Eck vum Zwinger ze waarden. Och haut war sou en Dag. Nodeems et Stonnen a Stonne gewaart huet, hat et d’Hoffnung opginn. Dat klengt Delarü ass bei den eelsten Hond am Zwinger gaangen, well et eng Fro um Häerz hat. Op dee Mënsch wuel säi Mënsch wier an hien hat eng Kéier mathuele géif, dat huet hat den eelste Mupp gefrot. Dem huet him awer ze verstoe ginn, dass hat do eppes falsch verstaan hätt an dass d’Mënschen aus dem Asyl keen Hond mathuele géifen. Wann da géif een bei friem Mënsche kommen. Dat huet dem Delarü scho guer net gefall. Wou hat rëm goe wollt, sot den alen Hond awer nach eppes: „Elo bass de nach kleng a jidderee fënnt dech léif. Mee wann’s du bis ausgewuess bass, well kee Mënsch dech méi, egal wéi brav’s du bass!“ Dat wollt a konnt d’Delarü net gleewen. Iergendwann géif hat mat sengem Mënsch matgoen an hätt hie fir sech ganz eleng.

E puer Méint méi spéit. D’Sonn kësst dem Delarü seng Schnuff. Et gëtt waakreg, streckt sech als éischt laang no viir an dann laang no hannen, bis an déi hënnescht kleng Zéif, bis an d’Schwanzspëtzt. Wéi d’Sonn opgeet, gesäit een, dass aus dem Delarü eng richteg Madamm ginn ass. Vun deem klengen ängschtleche Mupp war net méi vill ze erkennen. Natierlech hat hatt och als Madamm Delarü nach Angscht, mee huet se net no bausse gewisen. Ausserdeem hat si sech perfekt un d’Liewen am Asyl gewinnt.

Nach ëmmer huet si dorop gewaart, dass hire Mënsch si enges Dags mathuele géif. Nach ëmmer ass si all Kéiers voller Freed op den Agang vum Zwinger zougelaf, wa si hie gesinn huet. Mee et koumen ëmmer méi oft Deeg, un deenen hie keng Zäit fir si hat oder esouguer engem anere, méi klenge Mupp e Leckerli ginn huet.

Hir Häerz war gebrach. Deen alen hat also awer Recht. Elo, wou si eng Madamm war, wollt keen si méi hunn. Et war hir schonn opgefall, dass d’Mënschen a leschter Zäit manner positiv op si reagéiert haten, bal esou, wéi wann si onsiichtbar wier. Mee si wollt et net gleewen. Si brauch kee Mënsch, huet sech d’Madamm Delarü bei sech geduecht. Si wär ëmmer scho gutt eleng eens ginn. An esou huet si hir Oueren opgestallt an ass an den neien Dag eragetrabbt, op der Sich no neie Muppenabenteuer, ouni op de Mënsch ze waarden.

Net vill Muppe ware wéi d’Madamm Delarü. Déi meescht waren traureg an hu, wéi si fréier, de ganzen Dag op eppes gewaart. Mee wourop? D’Madamm Delarü ass gutt gelaunt duerch den Zwinger gelaf an huet hiren Eck dovu genau inspizéiert: Si huet un all Heck gericht, wichteg Ecker markéiert a virun allem nogekuckt, ob hir wäertvoll Schanken nach op deene richtege Plaze verbuddelt waren. Haut haten d’Mënschen esouguer extra e klenge Gruef gebuddelt, deen si mat Waasser opgefëllt haten. Et war en enorm waarmen Dag an et misst een esouguer nach déif an de Sand buddelen, fir iwwerhaapt eng kill Plaz ze fannen.

Bei Waasser konnt d’Madamm Delarü ni widderstoen an ass direkt mat de Patte vir dragesprongen. Si huet sech wéi geckeg gedréit an ënner Waasser gebuddelt. E puer Muppe wollten och am Waasser spillen, mee si huet se verjot. Et war hiert Waasser! Okay, esou egoistesch wollt si dann awer net sinn an huet déi aner Muppen no enger klenger Zäitchen och bäigelooss.

Vum ville Spillen huet si eng Stäerkung gebraucht, mee op der Sich no eppes ze friessen, ass der Madamm Delarü opgefall, dass d’Schosselen eidel waren. Dann eeben als éischt en Tempechen, huet si sech geduecht a sech an enger Kaul am Sand zesummegerullt a gedöst. Mee wou si waakreg ginn ass, waren d’Schosselen nach ëmmer eidel. D’Mënschen hu se net méi esou oft opgefëllt wéi fréier. Och Spillsaache gouf et ëmmer manner oft. Et waren immens vill nei Muppen am Zwinger. Verschiddener hunn ugefaangen, selwer Mais an aner kleng Deieren ze joen. Sou och d’Madamm Delarü, mee méi aus Spaass. Heiansdo huet sech och eng Kaz an den Zwinger veriert. Da war dat ganzt Muppen-Batailloun hannert hir hier. Mee d’Kaze war all Kéier esou gescheit, dass si sech am Muppechaos duerch d’Bascht gemaach hunn, iwwer dat héischt Gitter gespronge sinn a frech op där anerer Säit gelaacht hunn.

Vill Hënn konnten sech de ganzen Dag iwwert d’Frechheet vun de Kazen opreegen. Mee haut huet sech d’Madamm Delarü guer net dofir interesséiert, si hat e Geroch an der Nues, eppes vu wäit hir, dat si nach ni gericht hat. Mee et konnt näischt Guddes bedeiten.