Et war stackdäischter. D‘Delarü huet esou gutt wéi näischt gesinn, mee et konnt et richen: Nëmmen e puer Meter vun him fort, um Stroosserand, louchen d’Reschter vun engem säftege Salamisbréitchen. Et hat esou en Honger, dass säi Mo scho méi haart grommele konnt wéi hat. Mee sollt hatt et wierklech riskéieren, aus senger Stopp ze huschen, fir sech dat Bréitchen ze kropen? Hei op der Strooss war et geféierlech, dat wosst dat klengt Delarü besser wéi all aneren. Seng Mamm huet et all Dag virun de Gefore gewarnt, bis si selwer een Dag net méi rëmkomm ass. Säitdeem war et op sech eleng gestalt an huet nëmmen eppes riskéiert, wann et wierklech net anescht gaangen ass.

Dat heite war esou eng Situatioun. Also huet d’Delarü säi ganze Courage zesummegeholl an ass, esou schnell wéi de Blëtz, op d’Bréitchen zougejauft. Dobäi ass et blann senger Nues nogaangen. De Moment, an deem de Salamisgeroch seng ganz Welt erobert huet, wosst hatt: Et ass net méi wäit! Voller Erwaardung huet et d’Schnuff opgerappt an d’Bréitchen an engem Coup stibitzt. Mee obwuel et nach stackdäischter war, war scho vill lass op der Strooss. E puer vun deenen onheemleche Këschten op Rieder hu beim Laanschtfueren esou vill Kaméidi gemaach, dass dat klengt Delarü bal säi Courage verluer hätt. Eng vun deene Këschten huet esouguer getut, wat et esou erféiert huet, dass et d’Bréitchen op de Buedem fale gelooss a sech an déi nächst Heck verstoppt huet. Säi klengt Häerz huet esou séier an esou haart geschloen, dass et fir ee Moment guer näischt méi héieren huet. Mee nieft der Angscht, war do nach en anert Gefill, dat méi staark war: den Honger. An esou huet d’Delarü d’Juegd op d’Salamisbréitche fir d’zweete Kéier opgeholl. Dës Kéier mat Erfolleg!

Seng fantastesch Moolzecht huet et an eng kleng Hiel am Bësch bruecht, an där et oft iwwernuecht huet. Hei fillt hatt sech sécher an huet et sech dofir och gutt schmaache gelooss. Esou e gudde Maufel war him scho laang net méi tëscht d’Zänn komm! Nom Iesse war et op eemol richteg dätsch. Ob dat un der opreegender Juegd louch? Mat senger voller Trëmmchen huet sech d’Delarü zefridden zu engem „C“ zesummegerullt. Och wann et sech ufanks nach mat ganzer Kraaft dogéint gewiert huet, sinn him schlussendlech d’Aen zougefall – an et huet e wonnerbaren Tëmpche gehalen.

Glécklech, wéi Muppen esou sinn, ass d’Delarü erwächt. Onbekëmmert huet et den éischten Tierche vum Dag duerch säi Revéier gemaach. Riseg war et net – et wollt sech jo net mat deenen anere Muppen, déi vill méi grouss a virun allem vill méi geféierlech wéi hat waren, uleeën. Mee wat si muss, muss sinn an esou huet och de klenge, fäerterege Mupp markéiert, wat säint ass.

Wéi d’Delarü gutt gelaunt u Grieser a Blumme geschnoffelt huet an duerch de Bësch getrappt ass, huet et op eemol nieft him an enger Heck geraschelt. Mat gespëtzten Oueren an erweiderte Pupille (bal, wéi bei enger Kaz, mee dat géif keen Hond jeemools zouginn!) huet et déi mysteriéis Heck genau beobacht. Seng Hoer am Genéck an um Réck hu sech opgestallt. D’Spannung war bal net méi auszehalen, bis se endlech aus der Heck gespronge komm ass: eng Rat! Ouni ze iwwerleeën, huet et sech op d’Nagedéier gestierzt, dat sech natierlech séier duerch d’Bascht gemaach huet. An d’Delarü hannendrun!

Esou hongereg war et haut net, dass et d’Rat hätt missen erwëschen. Mee wat hat sech d’Nagedéier erlaabt, fir einfach esou duerch säi Revéier ze spadséieren?! Ausserdeem huet déi spannend Poursuite duerch d‘Bëscher an d‘Felder, souguer deelweis duerch de Sand, dem Delarü richteg Spaass gemaach! D’Sonn, déi op seng Schnuff geschéngt an et gewiermt huet, huet him richteg gutt gedoen. An déi kill Loft, déi seng vill ze grouss Ouere wéi geckeg flattere gedoen hunn, huet et dozou animéiert, der Welt frech d’Zong erauszestrecken. Bei aller Freed huet et guer net gemierkt, dass et säi Revéier scho laang hannert sech gelooss hat.

Réischt spéider huet et dëst realiséiert an e kuerze Moment un Tempo verluer, esou dass d’Rat him endlech entkomme konnt. Veronséchert ass d’Delarü stoe bliwwen. Déi ganz onbekannt Ëmgéigend huet ugefaange, bedrolech op et anzewierken. Onbewosst huet et de Schwanz bäigezunn an d’Ouere gepëtzt. An do war et schonn: en haart Grommelen, esou däischter an onheemlech, dass et un all Bam an all Steen zeréckgeschaalt huet. E risegen Hond stoung nëmmen e puer Meter wäit vun him fort. Et war säi Revéier. Ouni nozedenken, ass d’Delarü nees lassgelaf. Just, dass hat dës Kéier net de Jeeër war, mee de Gejoten. Et ass esou séier gerannt, wéi seng véier Patten et droe konnten – raus aus dem Schutz vun de Beem, matten op d’Strooss.

Wat geschitt ass, doru konnt sech d’Delarü beim beschte Wëllen net erënneren. Et wosst nëmmen nach, dass et virun engem risegen Hond fortgelaf war, deen et net gutt mat him gemengt hat. Ganz virsiichteg huet et d’Aen opgemaach: Et war immens hell an d’Beem ronderëm hat, hu sech fuerchtbar schnell beweegt. Esou séier hat hat sech nach ni beweegt, obwuel et jo eigentlech souz. Verwonnert huet d’Delarü no vir gekuckt an den Hannerkapp vun engem Mënsch, direkt viru sech, erbléckst. Säi klengt Muppenhäerz ass him, jo, bal an d’Box gefall. Et war net nëmme mat engem Mënsch agespaart. Et war och nach an enger vun deenen onheemleche Këschten agespaart, déi op der Strooss fueren an déi hat dach esou gefaart huet!

Wëll seng Mam et ëmmer virun Autoen a viru Mënsche gewarnt huet, huet sech d’Delarü decidéiert, sech méiglechst onopfälleg aus dem Stëbs ze maachen. Mee wéi? Hat huet ugefaangen, e Lach ze buddelen – oder et ze probéierten. Emmer an ëmmer rëm, mee et huet näischt gehollef. An de Mënsch, dee virun him souz, huet ugefaangen, ze laachen. Dat war wuel näischt! Fir dass de Mënsch net nees suspekt géif ginn, huet et sech express eng Zäitche roueg gehalen. Et wollt jo net ze vill Opmierksamkeet op sech zéien.

Fluchtplang Nummer zwee: D’Delarü hat sech iwwerluecht, vun där komescher, mee komfortabeler Bänk, op där et souz, erofzesprangen an sech ënnerierdesch erauszegruewen. Mee et war mat engem Gurt ugestréckt a huet et mol net vun der Bänk gepackt. Ongedëlleg huet et probéiert, aus deem komeschen Halsband erauszekommen. Et wär jo net déi éischte Kéier! Et huet sech gedréit a gekéiert, wéi et nëmme konnt, mee et huet näischt gehollef! D’Bändchen ass nämlech net nëmmen em säin Hals, mee ronderëm säi ganze Kierper gaangen. Nees huet de Mënsch gelaacht.

Mëttlerweil hat d’Delarü d’Hoffnung esou gutt ewéi opginn. Wann buddelen net gehollef huet, wat hëlleft dann!? A senger Verzweiwlung huet et ugefaangen, ze kräischen a no senger Mamm ze ruffen. Mee keen ass no him kucke komm. De Mënsch, mat deem et nach ëmmer onweigerlech agespaart war, huet ugefaangen, komesch Geräischer ze maachen. Dës Kéier huet en hat net ausgelaacht. D’Geräischer, déi vun him komm sinn, haten näischt Béises, éischter eppes Tréischtleches, un sech. Traureg huet d’Delarü seng Nues fest un déi onsiichtbar Mauer gedréckt, déi hat vun der Natur getrennt huet an huet de sech beweegende Beem hannendru gekuckt. Eng lescht Kéier huet et de Mënsch am Auto iwwer sech laachen héieren.

Den Auto ass op eemol stoe bliwwen. De Mënsch virun him ass erausgeklommen an huet d’Dier direkt nieft dem Delarü opgemaach. D’Loft vu baussen ass eragestréimt an esouguer e puer Sandkäre goufen an den Auto geblosen. De Mënsch huet no him gegraff an hat eng Léngt am Grapp. Oh nee, dat war guer net senges! Et huet sech ganz op déi aner Säit vun der Bänk gezunn. Mee et haten nëmmen e kuerze Moment seng Rou. De Mënsch huet nämlech och nach déi zweet Dier opgemaach a wollt him d’Schlauf em de Kapp leeën, mee net mat him! D’Delarü huet d’Spillche widderholl a sech nees stuer op déi aner Säit vun der Bänk geluecht. Mee de Mënsch huet sech Verstäerkung geholl an esou hu si zu zwee probéiert, de klenge Mupp aus dem Auto ze bugséieren. Zwee géint een – do hat et keng Chance!

D’Mënschen hunn et gezwongen, matzekommen. D’Géigend war him ganz friem an et huet sech fuerchtbar onwuel gefillt, esou vill, dass et säi Schwanz bäigezunn huet. Seng Nues huet him näischt Guddes verheescht: Et huet no ganz ville Muppe gericht. No sou ville Muppen, wéi d‘Delarü a sengem ganze Liewen nach net geriicht hat. An no Angscht. D’Gebabbels vun de Mënsche konnt et net richteg verstoen. An engem klengen Gebai mat Mënschen a komesche wäisse Kleeder hu si et op eng Brëtsch geluecht. Uschléissend hu si dem Delarü an den Ouere gewullt, am Mond, an et huet souguer gepickt! No enger Zäitchen hunn d’Mënschen et rëm mat erausgeholl an si weider mat him op en Terrain gaangen, dee mat héije Gitteren ofgespaart war.

D’Mënschen hunn him en Halsband ugedoen an em d’Léngt ronderëm den Hals lassgemaach. Dat misst een him net zwee Mol soen! Esou schnell wéi de Wand ass d´Delarü lassgejauft, esou wäit vun de Mënsche fort, wéi et nëmme gaangen ass. D‘Halsband géif et och nach lassginn! Et war esou an seng Gedanke verdéift, dass et guer net gemierkt huet, dass sech en aneren Hond ugeschlach hat. Keen esou e risegen, wéi deen, deen et am Bësch begéint hat. Esou onheemlech huet en och net ausgesinn, e war souguer méi kleng wéi hat! Zu dëser Begéinung sinn nach weider Muppen dobäi komm, ëmmer méi, a se waren all am Delarü sengem Alter.

Déi aner Muppen hunn him gewisen, wou et ze friesse gouf. Dass ee Leckerlien a Spillsaache léiwer virun deenen anere verstoppt, wann een nach gären eppes dovun hätt. Dass een e Lach an de Sand buddele kann, fir sech vun der Hetzt vun der Sonn ze schützen an e wonnerbaren Tëmpchen ze halen. An, dass Waasser net nëmme fir ze drénken do ass, mee dass een och wonnerbar doran spillen a buede kann.

D’Mënsche sinn nëmmen heiansdo an de groussen, wäitleefegen Zwinger komm, fir hinne Saachen ze bréngen, déi si gebraucht hunn. Heiansdo, wann si bëssen Zäit haten, si sinn hinne souguer iwwert de Kapp gefuer oder hu si um Réck gekrault. Do konnt souguer d’Delarü net widderstoen, och wann si em nach ëmmer net ganz geheier waren. Mee bei de ville Muppen, sengen neie Kolleegen, huet et sech fir d’éischte Kéier an sengem Liewe gutt opgehuewe gespiert an hat op eemol guer net méi esou vill Angscht.