De Geroch war esou staark, dass d’Madamm Delarü en souguer am Schlof gericht huet. E puer Deeg nodeems en fir d’éischte Kéier opgetaucht war, konnt si deck, gro a schwaarz Wolleke gesinn, déi vum Buedem an den Himmel eropgezu sinn. Reegelméisseg si Maschinne vun de Mënschen iwwert d’Asyl geflunn. Déi hunn sou e schreckleche Kaméidi gemaach, dass sech d’Muppen – souguer déi Couragéiertste vun hinnen – am léifste verstoppt hätten.

D’Madamm Delarü war déif a Gedanke versonk. Op eemol huet si eppes op hirem Réck gespuert. Si huet sech fuerchtbar erféiert, bis si gemierkt huet, dass et nëmmen hire Liblingsmënsch aus dem Asyl war. Trotz allem huet si sech gefreet, hien erëmzegesinn. Mee op si huet hien guer kee glécklechen Androck gemaach. Verspillt ass si, als éischt lenks, da riets, nieft hie gesprongen, huet e puer Schrëtt no hanne gemaach an hien opmonterend ugebillt. Mee och doriwwer huet hien sech net gefreet. Ouni e Wuert ze soen huet hien hir eng Léngt ugedoen an huet si aus dem Zwinger gefouert.

A wat duerft et dann dës Kéier sinn? Eng Buedbidden, eng Impfung oder e spontane Spadséiergang, huet sech d’Madamm Delarü gefrot. Tatsächlech ass et bei d’Doktesch gaangen, mee et war iergendwéi anescht wéi soss. De Mënsch ass déi ganzen Zäit net vun hirer Säit geweecht. Nach ëmmer huet hie kee Wuert gesot. Dofir huet hien si déi ganzen Zäit festgehalen a geheemelt. Bei d’Doktesch ass si net extra gäre gaangen, mee si wosst, dass si d’Saach schnell hannert sech brénge konnt, wann si nëmme brav war. Ausserdeem war d’Visitt duerch de Bäistand vun hirem Mënsch vill méi angeneem wéi geduecht. D’Madamm Delarü war scho prett, zeréck an den Zwinger ze jauwen. Mee de Mënsch huet si an eng ganz aner Richtung gefouert. Aus Freed ass Onsécherheet ginn: Säit Joren hat si den Terrain vum Asyl net méi verlooss…

Direkt virum Haaptgebai stoung e groussen Auto, mat lauter Këschten dran, an deene schonn aner Hënn a souguer Kazen – !!! – souzen. E puer Muppen huet si kannt. Mee egal ob Hond oder Kaz, kee vun hinnen huet frou ausgesinn. D’Angscht war esou grouss, dass d’Deieren esouguer vergiess hunn, mateneen ze streiden. An dat huet eppes geheescht!

D’Madamm Delarü wollt hinne jiddefalls keng Gesellschaft leeschten. Mat aller Kraaft huet si esou fest an déi aner Richtung gezunn, wéi et nëmme gaangen ass. Gehollef huet dat awer näischt. Also ass si stoe bliwwen an huet sech geweigert, nëmmen nach ee Schrëtt no vir ze maachen. De Mënsch huet nach ëmmer näischt gesot. En huet einfach un der Léngt gezunn, esou dass si – op si et wollt oder net – duerch de mëlle Sand gerutscht ass, bis si virum groussen Auto stoung. Mee eraklamme géif si op kee Fall! Och hei ass hir keng Wiel iwwerlooss ginn: Hien huet si einfach opgehuewen an an d’Këscht gespaart.

Elo ware si fir een Ament mateneen op Aenhéicht. Réischt do huet d’Madamm Delarü gesinn, dass dem Mënsch säi Gesiicht ganz naass war. Duerch d’Gittere vun der Këscht huet hien hire Kapp gekrault. Si huet sech sou fest wéi méiglech no vir gestreckt, fir him méi no ze sinn. Tréischtent huet si säi Gesiicht ofgeleckt, dat ganz salzeg geschmaacht huet. Eng leschte Kéier huet hien si hannert dem Ouer gekrault. Dunn huet hien sech ëmgedréit an ass zeréck an d’Asyl gaangen – ouni e Wuert ze soen.

Et war ganz schéin däischter hei hannen am Camion. Wou de Motor vum Gefier ugefaangen huet, haart ze drummen, wär der Madamm Delarü hiert klengt Häerz bal an hirer Broscht stoe bliwwen. Hire Compagnonen an deenen anere Këschte schéngt et net vill anescht ergaangen ze sinn. Kee huet och nëmmen e Mucks vun sech ginn. Wärend der Faart ass de Geroch, deen si schon am Asyl gericht hunn, ëmmer méi staark ginn.

Iergendwann sinn si stoe bliwwen. De Chauffeur, deen eigentlech ganz frëndlech op si gewierkt huet, huet déi riseg Dieren vum Gefier opgemaach. D’Luucht, déi eragestaalt komm ass, war esou hell, dass d’Madamm Delarü richteg verblennt war. Réischt no puer Minutten huet si déi immens däischter Wolleke gesinn, déi hannert dem Chauffeur eropgezu sinn. „Maacht iech keng Suerge wéinst dem Feier. Mir packen dat schonn!“, huet de Mann gesot an dono ee Mupp nom aneren aus dem Käfeg geholl, fir en Tierche mat him spadséieren ze goen. Och d’Madamm Delarü ass un d’Rei komm. Mee si war esou opgereegt, dass et fir si net a Fro komm ass, iergende Geschäft ze erleedegen.

Virsiichteg huet de Chauffeur si rëm an hir Këscht gehuewen, huet d’Dieren zougemaach an ass weidergefuer. Nach oft ass hien erëmkomm, fir en Tierche mat hinnen dréien. Ma ëmmer rëm sinn si weidergefuer. Géife si och iergendwann ukommen?

An alt nees eraus. D’Madamm Delarü huet nëmmen drop gewaart, fir rëm an hir Këscht ze dierfen. Schon déi leschte puer Kéieren huet hir guer net gefall, wou si rausgeklomme sinn.

Zwar haten si dat grousst Feier am Bësch endlech hannert sech bruecht, mee op de leschten Arrête war bal guer keng Natur méi ze gesinn. Dofir awer ëmsou méi drummend Autoen an haart Getuuts – Geräischer, déi d’Madamm Delarü guer net gären hat. Besuergt huet si hire Schwanz bäigezunn. „Dat hei bass de net gewinnt, hä?“, sot de Chauffeur berouegend zu hir.

Mee amplaz si rëm an hir Këscht ze bréngen, huet hien sech op de Wupp vun der Mall gesat a bausse mat hir gewaart. Ongedëlleg huet d’Madamm Delarü un der Léngt gezunn. Si wosst net richteg, wouhin. Nëmmen, dass si fort wollt. Mee de Chauffeur ass séileroueg sëtze bliwwen: „Geschwënn ass et däin Tuer“.

D’Muppen a Kazen hannert hinnen hu schon ugefaangen, sech ze beschwéieren, wéi op eemol e Meedchen em den Eck komm ass a mam Chauffeur geschwat huet. Dorops hin huet hien him e puer Pabeieren an d’Léngt an de Grapp gedréckt. „Et ass esou e léiwen, sensibele Mupp. Dat hei ass alles nei fir hat. Pass gutt op et op!“, sot de Mann. Dunn ass en zeréck an den Auto geklommen an ass, ouni d’Madamm Delarü, einfach weidergefuer.