Am Gaart huet et herrlech gericht, no Planzen a Blummen, déi d’Madamm Delarü nach ni mat hirer Nues wouergeholl hat. Si huet de ganze Gaart erschnoffelt, all Grashallem, deen si interessant fonnt huet. Et huet och no aneren Deiere gericht, no Villercher a Mais. Ganz vill Zäit huet si sech geholl, fir des nei Plaz kennenzeléieren. Ëmmer rëm huet si e Bléck no hanne geheit. D’Meedche war hanne bei der Gaardendier stoe bliwwen an huet hir déi Zäit a Plaz gelooss, déi si gebraucht huet.

D’Sonn huet op der Madamm Delarü hire Pelz geschéngt an si esou frou gemaach, dass si sech einfach an d’Mëtt vum Gaart geluecht a sech an der Wiss ronderëm gewenzelt huet. Lues ass d’Meedchen hir méi nokomm. Wou hatt bal bei hir war, ass hat an d’Huppe gaangen an huet hir ganz lues seng Hand entgéint gestreckt. Och hatt huet gutt gericht an d’Madamm Delarü hat säi Geroch einfach gären. Dofir huet si him och erlaabt, hatt um Kapp ze kraulen a souguer um Bauch. Si huet gespuert, dass vun him keng ausgeet. Si war einfach glécklech.

Och an den nächsten Deeg huet d’Meedchen si ëmmer rëm an de Gaart gelooss. Virun der Kellertrap hat si elo guer keng Angscht méi, well si wousst, dass um Enn vun deem däischtere Keller, déi wonnerbar Plaz op si gewaart huet. A geschwënn war et och net méi iergende Gaart, mee hiren. Hei konnt si ouni Léngt lafen a fräi ronderëm jauwen, sou wéi et hir gefall huet.

Heiansdo huet d’Meedchen hir och e Ball oder e Petzi zougeheit, mee fir ze spille war et der Madamm Delarü dann awer nach ze fréi. Si misst jo oppassen, wat ronderëm si passéiert. A wa si spille géif, wär si einfach ze vill ofgelenkt.

Wann et der Madamm Delarü no gaange wier, hätt si all Dag am Gaart verbrénge kënnen. Heiansdo huet et och gereent, mee dat war hir egal. Dann hunn d’Saache ronderëm si ganz anescht gericht an dat war ganz interessant. Besonnesch gären hat si, wann et no engem waarme Summerdag op de waarme Buedem gereent huet. Dobäi ass en herrlechen Doft entstanen: Et huet einfach no Summer gericht.

Mee enges Daags huet d’Meedchen si rëm un d‘Lengt geholl an et ass net duerch de Keller raus an der Gaart gaangen. Hatt ass mat hir zu där grousser Dier erausgaangen, duerch déi si den alleréischten Dag gaange waren. Dobausse war vill lass. Mënsche sinn um Trottoir getrëppelt an Autoen duerch d’Stroosse gefuer. D’Meedchen huet hir duerch seng Kierpersprooch an d’Léngt gewisen, wouhin et gaangen ass. Éierlech gesot huet de Wee der Madamm Delarü net esou gutt gefall. Et ware souvill Geräischer, Gerécher an Andréck do, dass si net wousst, wourop si oppasse sollt. Nëmme well hatt esou léif mat hir war, ass si mat him gaangen.

Nodeem si bei engem komesche Potto stoungen ze waarden, sinn si iwwert eng grouss Strooss gaangen. D’Autoe sinn net weidergefuer, mee stoungen do ze waarden. De Wee huet si duerch e breeden Agang aus Stee gefouert a virun der Madamm Delarü huet sech eppes erstreckt, wat si nach ni gesinn hat.

Et war esou eppes wéi e Gaart awer vill méi grouss, mat nach méi Blummen a Planzen, a mat nach vill méi Beem. Wéi doheem huet si hiren Tuer ronderëm gemaach, dobäi ass d’Meedchen, um aneren Enn vun der Léngt, net vun hirer Säit gewach.

Duerch de Park sinn och aner Mënsche getrëppelt. Verschiddener ware mat hire Kanner do, an anerer mat hiren Hënn. Säit enger Éiwegkeet hat d’Madamm Delarü keen anere Mupp méi gesinn. Jiddefalls huet et sech esou fir se ugefillt. Mee si huet déi Hënn hei net kannt, et waren anerer, wéi hir Kolleegen aus dem Asyl. Dofir war si ganz virsiichteg, wou ee vun hinne mat sengem Mënsch op si zoukomm ass. Si wollt Moie soen, mee den anere Mupp huet gegrommelt. Et war eng Warnung, an esou wosst si, dass si him net ze nokommen duerf. Zesumme mam Meedchen ass si einfach un him laanschtgaangen.

Am Kär vum Park ware ganz vill Kanner. Si hunn do gespillt, sinn op Gerüster geklommen, hu gejaut, a gelaacht. Et war déi éischte Kéier, dass d’Madamm Delarü Kanner gesinn huet. Si waren, wéi déi Mënschen, déi si kannt huet, just méi kleng a méi wibbeleg. Si sinn awer net do stoe bliwwen, mee e Stéckche weider, op eng grouss Wiss gaangen. „D’Spillplaz ass net fir Muppen“, sot d’Meedche lues, mee bestëmmt. Op der Wiss hu si tatsächlech e bësse gespillt, net mat engem Ball, mee Kierperasaz. D’Madamm Delarü war esou frou, dass si vum selwen a Spillpositioun gaangen ass. Dat heescht, dass si sech no vir gebéckt huet, esouvill, dass si mat der Nuesespëtzt d’Gras beréiere konnt. Mat hiren hënneschte Been ass si awer poulriicht stoe bliwwen. Verspillt huet si mam Schwanz mol no lenks, mol no riets gewibbelt. A fir dass d’Meedche si och verstoe géif, huet si hatt opfuerderend ugebillt. Net e puer mol, wat fir Angscht oder eng Warnung stoe géif, mee nëmmen eng Kéier, kloer an däitlech.

D’Meedchen hat d’Madamm Delarü verstanen ass mat hir iwwert d’Wiss gesprongen, hin an hir gelaf an huet gelaacht. Och si huet gelaacht, net haart, wéi d’Meedchen, mee stomm. Dobäi huet een hir wäiss Eckzänn gesinn an hir Zong war ganz laang erausgestreckt.

Beim Spillen huet si nëmmen op d’Meedche gekuckt. No enger Zäit war si ganz schéin ausser Otem. Et war och waarm dobaussen, mee et huet richteg vill Spaass gemaach. Wou si fäerdeg waren an d´Meedchen hir luewend iwwert de Kapp gefuer ass, huet sech d’Madamm Delarü ëmgedréint. Hannert hir stoung en Hond. E war net grouss, trotzdeem hat si sech erféiert. Seng Been ware ganz kuerz a seng Oueren esou laang, dass se bal bis op de Buedem houngen. E war wäiss, hat awer grouss hell- an donkelbrong Flecken am Pelz. Iergendwéi huet en e bëssen traureg ausgesinn, mee och immens trei.

Éier d’Madamm Delarü richteg doriwwer nogeduecht huet, ass si bei hie gaangen, fir him Moien ze soen. Hien huet net gegrommelt an och keng Zänn gewisen. Am Géigendeel: Hien war ganz frëndlech. „Sherlock“, huet säi Mënsch geruff, mee dat huet hien net richteg interesséiert.

D’Meedchen an d’Madamm Delarü sinn nach oft zeréckkomm. Wa si de Park betratt hunn, wousste si direkt, ob de Sherlock och do wier oder net. Hien hat nämlech eng aussergewéinlech gutt Nues an huet si ëmmer direkt erschnoffelt. Dann huet hie ganz haart gebillt, mat däischterer Stëmm, zwee oder dräimol. Sou séier, wéi seng kuerz Been hie gedroen hunn, ass hien dann op si zougelaf. Seng Meeschtesch hannendrun. De Sherlock war der Madamm Delarü hiren éischte Kolleeg an hirem neien Doheem.