Et war e kalen Hierscht. Mee och dës Joreszäit war fir d’Madamm Delarü eppes ganz Fantastesches. Esou en Hierscht hat si nach ni erlieft. An hirem Heemechtsland war et nämlech méi waarm, wéi zu Lëtzebuerg, an tëscht de verschiddene Joreszäite konnt een net esou gutt ënnerscheeden. Am Park ass si duerch riseg, zesummegekierte Bliederkéip gejauft. Am Bësch huet si Käschten an Nëss, déi mol an hirer pickeger Schuel, mol plakeg um Buedem louchen erschnoffelt. An ganz vill Champignonen! Et gouf kee Pull duerch deen d’Madamm Delarü net geflitzt ass. Suguer de Reen huet hir näischt ausgemaach.

D’Meedchen huet sech leider net esou iwwert den Hierscht gefreet wéi si. Obwuel et säin Häerz erwiermt huet, wann d’Madamm Delarü monter duerch déi giel an orange gedréchent Blieder gelaf ass, huet si gespuert, dass eppes anescht wier. Villäicht hat hatt am Summer jo net genuch Sonn getankt, huet si sech gefrot.

 

 

D’Meedchen ass owes spéit heemkomm a fréi an d’Bett gaangen. Dotëscht souzen si nach zesummen um Kannapee. Dann huet hatt säi Mupp geheemelt a gekrault. Dobäi war hatt oft ganz a Gedanken verdéift a guer net richteg do. D’Madamm Delarü huet da probéiert ganz opmierksam nozelauschteren a rauszefannen, wat hatt geduecht huet. Mee oft konnt si sech nëmmen un engem Gefill festhalen: D’Meedche war traureg a si wosst net, firwat.

An den nächste Wochen ass et mam Meedche leider net besser ginn. Moies war et nach laang däischter an hatt ass nëmmen nach schwéier aus dem Bett komm fir op d’Schaff. Obwuel hatt sech nach ëmmer gutt em d’Madamm Delarü gekëmmert huet, war et sou, wéi wann e Schleier tëscht hinne leie géif, duerch deen een net gutt gesäit.

Oft huet hatt si net bemierkt, wéi si hatt ugeschnoffelt, ugetuppst oder opgefuerdert huet, mat hir ze spillen. D’Meedche war – wéi géifen d’Mënsche soe – wéi e Roboter an huet nëmmen nach funktionéiert. Awer net immens gutt.

Enges Daags ass d’Meedche vun der Aarbecht heemkomm. D’Madamm Delarü huet als éischt geduecht, hatt géif si nees net richteg bemierken. Mee d’Meedche war ausser sech vu Freed – dat huet d’Madamm Delarü scho gespuert, éier si hatt iwwerhaapt gesinn huet. Hatt huet eng ganz Aura voller Freed mat an d Haus bruecht.

A genau esou, wéi si sech déi ganzen Zäite gefrot huet, firwat hatt esou traureg war, huet si sech elo gefrot, firwat et esou glécklech war. Mee eigentlech war dat och egal, well et fir d’Madamm Delarü näischt méi Schéines gouf, wéi hire Liblingsmënsch voller Freed ze erliewen.

D’Madamm Delarü war iwwerglécklech, well d’Meedchen iwwerglécklech war. Enges Owes hu si Besuch kritt, vun engem Monsieur, deen si nach net kannt huet. D’Madamm Delarü war dru gewinnt, dass heiansdo Frënn a Frëndinne vum Meedchen op Besuch komm sinn.

Muncher konnt si ganz gutt leiden, anerer e bësse manner, mee dat wollt si dem Meedchen net esou weisen, aus Héiflechkeet. Dësen Owend war awer, wie gesot, e Monsieur komm, deen d’Madamm Delarü nach ni gesinn hat. Och hien huet eng Aura voller Freed mat an d’Haus bruecht an huet esou gutt gericht, dass si guer net konnt, wéi hie sympathesch ze fannen.

Zesumme souze si zu dräi um Kannapee an hunn e Film gekuckt. Si hu gelaacht a gegeckst an d’Madamm Delarü geheemelt a gekrault. Esou frou hat si d’Meedche scho laang net méi – neen, nach ni – gesinn, a si konnt net anescht, wéi sech genau esou wéi hatt an de Monsieur ze verléiwen.

De Monsieur ass ëmmer méi oft op Besuch komm, an iergendwann ass hien einfach net méi fortgaangen. Dogéint hat d’Madamm Delarü guer näischt. Schliisslech hat d’Meedchen seng Freed wéinst him erëmfonnt. Hie war net nëmme léif mat him, mee och mat hir: Si hunn am Gaart gespillt, hatt krut Leckerlien an ëmmer méi dacks si si och matenee spadséiere gaangen. Heiansdo souguer ouni d’Meedchen!

De Monsieur ass also bliwwen. An aus dem Duo vu Madamm Delarü a Meedchen ass e richtege Ruddel ginn. Elo hat d’Delarü net nëmmen een, mee souguer zwee Liblingsmënschen, déi ëmmer op si opgepasst hunn.

Net all Zäiten, déi si als Trio duerchgemaach hunn, waren einfach. Heiansdo ware si och traureg: heiansdo vereenzelt, mee meeschtens zesummen. Trotzdeem woussten si – an d’Madamm Delarü mat hirer Empfindsamkeet nach méi – dass si all Situatioun zesumme meeschtere konnten.

Réischt no enger Zäit huet si begraff, dass dat Gefill, dat si och selwer esou laang am Asyl gesicht hat, keng Freed war: Et war Léift.