„Den Hond kann näischt“, huet den Hondstrainer gesot. Dat huet weder dem Meedchen nach der Madamm Delarü gefall. Am leschte Mount hat si esou vill geleiert: wéi ee gutt nolauschtert, wéi een Trape geet, wéi een an den Auto klëmmt a wéi ee bei enger rouder Luucht waart. „Den Hond ka kee ‚Sitz‘ a kee ‚Plaz‘“, sot de Mann. Also huet hien dem Meedche bäibruecht, wéi een engem Mupp dat bäibréngt. D’Madamm Delarü huet schnell begraff, dass si sech bei dëse Kommandoe setzen oder leeë sollt. A well et all Kéiers eng Belounung gouf, wa si et richteg gemaach huet, ass et souguer nach méi séier gaangen.

Nëmmen un der Léngt ze lafen, war fir d’Madamm Delarü net sou einfach. Si war ëmmer esou opgereegt a wollt d’Welt em si rëm sou séier wéi méiglech entdecken. Ganz a Gedanken huet si un der Léngt gezunn. Si wollt ebe schnell viru kommen. Hei huet d’Meedche ganz vill mat hir übe missen. Wann d’Madamm Delarü bis eng Spuer an der Nues hat, hu sech hir Patte ganz vum selwe méi séier beweegt. Si war frou, dass d’Meedchen net rosen doriwwer war. Mee dofir huet si sech och extra Méi ginn, brav ze waarden, wann hatt mol aus dem Haus war. Si huet hir Bescht gemaach, fir d’Haus esou gutt ze bewaachen, wéi si konnt. D’Haus war nämlech hiert Doheem ginn an d’Meedchen hire Lieblingsmënsch.


Wann hatt heemkomm ass, ass et der Madamm Delarü ëmmer esou virkomm, wéi wann si hatt schonn éiweg net méi gesinn hätt. Vu Freed ass si bal geckeg ginn, ass mat hirem Petzi an der Schnuff bei d’Dier gelaf an huet ganz vill gejéimert. Well si sou glécklech war, huet alles un hirem Kierper gewackelt. Wann d’Meedchen si dann ënnert dem Hals gekrault huet, fir „Moien“ ze soen, huet si sech gefillt wéi am Himmel.

Eigentlech ass d’Madamm Delarü gären an d’Hondsschoul gaangen. Si wosst zwar net ëmmer direkt, wat d’Meedchen oder den Trainer vun hir wollten, mee si huet et genoss, esou vill Zäit mat hirem Lieblinsgmënsch ze verbréngen. A wa si eppes richteg gemaach huet an d’Meedchen sech gefreet huet, da war si och frou. Mee mam Trainer war d’Madamm Delarü net esou frou. An där neier Welt, déi ganz anescht fir si war, wéi d’Liewen am Bësch oder am Asyl, gouf et nach ëmmer vill Saachen, déi si net verstanen huet. Dofir war si immens virsiichteg, ass oft erschreckt oder huet einfach gefaart.

Dat huet den Trainer net verstan. Hee wollt dem Meedche weisen, wéi si – de Mupp – besser un der Léngt lafe géif an huet hir dobäi eng Tüb virun d’Schnuff gehalen, déi no Liewerwurscht geriicht huet. Well d’Madamm Delarü dem Mann net richteg getraut huet, wollt si awer net wierklech eppes dovu wëssen. Villäicht war d’Liewerwurscht jo vergëft? Den Trainer war guer net frou doriwwer, dass si net op dës Belounung ugesprongen ass. „Ech sinn um Enn mat mengem Latäin“, sot hien. Dat huet weder Meedchen nach Mupp gefall.

Dann huet den Trainer et mat enger komplett anerer Übung probéiert. Op sengem Terrain hat hien e klengen Hindernisparcours opgeriicht. D’Meedche sollt hei, mat der Madamm Delarü un der Léngt, iwwer kleng Hindernisser sprangen. Dat ass béiden e bësse komesch virkomm, mee, hey, hie war de Profi. Also hunn déi zwee gemaach, wat se ugestallt gi sinn. D‘Meedchen ass lues op dat éischt Hindernis duergelaf, mee d’Madamm Delarü wollt net driwwer sprangen. Si war dach kee Päerd!

D’Meedche misst et nach e puer mol probéieren, bis si bereet war, mat him ze sprangen. A si huet et och wierklech nëmme gemaach, well si sou frou mat him war. Mee bei der drëtter Kéier ass ee vun hinne mam Been widder d’Hindernis komm an d’Staang ass mat vill Kaméidi erofgefall. D’Madamm Delarü ass fuerchtbar erféiert a wollt nëmmen nach fort. Mee d’Staang hat sech an der Léngt verheddert. Wärend de Mupp a Panik fortgerannt ass, huet d’Staang en ëmmer weider verfollegt a bedrolech hannert em geklimpert. Eréischt, wou d’Meedchen der Madamm Delarü op den Huppen entgéint komm ass, lues d’Léngt geholl an d’Staang fortgeluecht huet, huet si sech rëm berouegt. „Wat fir en dommen Hond!“, sot den Trainer.

D’Madamm Delarü war keen dommen Hond, do waren sech Meedchen a Mupp eens. Villäicht war si méi mësstraueg wéi aner Muppen. Mee genau dat war de Grond, firwat si am Bësch an op der Strooss iwwerlieft hat. Wien net virsiichteg war, deen huet et erwëscht. Dofir huet dat klengt Delarü senger Mamm gefollegt an ass nëmmen e Risiko agaangen, wann et keen anere Wee ginn ass. Dat konnt si dem Meedchen natierlech net erklären. Si hu jo eng aner Sproch geschwat. Trotzdeem hu si sech verstanen. An d’Meedche schéngt souguer verstanen ze hunn, firwat d’Madamm Delarü esou war, wéi si war. Och wa si net de couragéierste Mupp war, war hatt immens frou mat hir.

D’Thema Hondsschoul war awer nach net vum Dësch. D’Meedchen hat e Rendezvous mat enger neier Trainerin ausgemaach. Als éischt hu si sech e puer Mol eleng getraff an d’Trainerin huet dem Meedche gesot, wat hatt maache kann, fir der Madamm Delarü mat hirer Angscht ze hëllefen. Si hu vill geüübt a sinn och vill spadséiere gaangen. Am Plaz e puer kleng Tier ronderëm d’Haus an an de Park ze maachen an duerch vill befuere Stroossen ze goen, si si elo e groussen Tuer an de Bësch maache gaangen.

D’Gerécher an d’Geräischer vum Bësch hunn d’Madamm Delarü un hir Kandheet erënnert. Hei huet si sech wuelgefillt an ass vill méi gemittlech vun engem Bam bei deen anere gelaf – bal ouni un der Léngt ze zeien. Wa Leit laanschtgelaf, Vëloe laanschtgefuer oder aner Muppe laanschtgaange sinn, war d’Meedchen do, fir opzepassen an d’Madamm Delarü misst sech em guer näischt këmmeren. Si huet him voll a ganz vertraut.

Den Training huet Meedchen a Mupp zesummegeschweesst. D’Spadséiergäng am Bësch hu béide richteg gutt gedoen. D’Meedchen hat och elo verstanen, dass d’Madamm Delarü sech dobaussen am wuelste gefillt huet. Am Haus goufen et nach vill Géigestänn a Geräischer, déi hir nei waren an un déi si sech nach gewinne misst. Mee och an hirem Kierfchen huet si sech immens gutt gespiert. Dat huet e gesinn, wa si um Réck louch an all véier Patte vu sech gestreckt huet, fir de Bauch gerubbelt ze kréien.

An der Hondsschoul haten déi zwee mëttlerweil vill Freed. Si sinn elo a Stonne gaangen, wou och aner Mënschen a Muppen dobäi waren an hu flott Übunge gemaach, déi der Madamm Delarü e bëssen dobäi gehollef hunn, sech ze iwwerwannen. Ausserdeem ass schnell opgefall, dass d’Madamm Delarü eng richteg gutt Nues hat. D’Trainerin huet dunn Fährten duerch de Bësch geluecht, déi si an déi aner Muppen erschnoffele missten. Dat huet hir an deenen anere richteg vill Spaass gemaach! An als Belounung gouf et och nach dat, wat si – nieft dem Meedchen – op dëser Welt am allerléifsten hat: Kéis!

No e puer Wochen a Méint ware Meedchen a Mupp e richteg gutt agespilltent Team. Ëmmer méi oft hu si, och ouni Hondsschoul, Ausflich gemaach a si mol zu zwee a mol mat Mënschen- a Muppekolleegen duerch Lëtzebuerg gewandert. Am Léifsten hat d’Madamm Delarü Weeër mat ganz vill Waasser. Hei konnt si an de Weier sprangen an Dännenzapfen a Bengelen apportéieren, déi d’Meedchen hir zougehäit huet oder sech u waarmen Deeg an der Bach ofkillen. Si hunn eng schéin Zäit matenee verbruecht an et koum net nëmmen der Madamm Delarü dacks vir, wéi wann dat alles e wonnerbaren Dram wier.