D’Madamm Delarü hat sech gutt agelieft. D’Liewen am Haus an am Gaart a virun allem d’Spadséiergäng duerch de Bësch ware genau hires. Si hat ëmmer genuch ze drénken, ze frupsen, ze spillen an ze schnoffelen. Am Park huet si oft de Sherlock an aner Muppe begéint a sech mat hinnen ausgetosch. Si hat einfach dat perfekt Muppeliewen. Mee enges Daags ass d’Meedche moies opgestanen an huet ugefaangen, seng Saachen an eng kleng stofte Këscht mat Rieder ze paken: Kleeder, Bicher, Saachen aus dem Buedzëmmer. An och der Madamm Delarü hir Saachen huet et agepak: hire Kierfchen, hir Schossel an e puer Spillsaachen.
Si war scho ganz nervös, well si net richteg wosst, wat dat bedeite sollt an ass jéimerend duerch d’Haus gelaf. D’Meedchen huet hir hiert Geschier ugedoen a si am Auto op der Réckbänk ugestréckt. Dunn huet hatt all d’Saachen an der Mall verstaut a si si lassgefuer. D’Madamm Delarü hat sech e bësse berouegt, well si mam Auto ëmmer flott Ausflich a laang Spadséiergäng ënnerholl hunn. Mee d’Meedchen ass gefuer a gefuer – laanscht ganz vill Plazen, déi si kannt hunn – an ass awer néirens stoe bliwwen. D’Zäit ass vergaangen an d‘Delarü huet him tëschenduerch ëmmer rëm d’Nues an d’Genéck gestreckt: „Wéini si mir do?“.
D’Meedchen huet gelaacht a Musek gelauschtert. Hatt war gutt drop. Also huet d’Madamm Delarü decidéiert, sech weider keng Suergen ze maachen an ofzewaarden, wat kënnt. Si huet him vertraut. Op der laanger Faart huet d’Meedchen e puer mol d’Fënster opgemaach, fir ze lëften. Am Ufank huet d’Loft esou gericht wéi ëmmer: no Blummen a Felder, déi d’Madamm Delarü kannt huet, an e bëssen no Trafick. Mee wat si méi laang gefuer sinn, wat sech d’Gerécher ëmmer weider verännert hunn. Kuerz éier si ukomm sinn, huet d’Loft bemol ganz salzeg gericht…
D’Meedchen huet d’Madamm Delarü lassgestréckt an, Zack, ass si aus dem Auto gehopst. Si wollt onbedéngt wëssen, wou si dru waren. D’Meedchen huet eng kleng Päertchen opgemaach an d’Léngt lassgemaach: Si stoungen an engem Gaart, dee méi grouss war, wéi deen doheem. An alles huet anescht gericht, souguer d’Loft. Dat misst si sech genau ukucken! Wärend d’Madamm Delarü hir nei Welt erschnoffelt huet, huet d’Meedchen hir Kofferen ausgepak an dem Mupp eng Schossel Waasser op d’Terrass gestalt. Wat hat si en Duscht!
Nodeem si alle béid d’Sonn am Gaart e bësse genoss a sech vun der laanger Faart erholl haten, huet d’Meedche mat der Léngt geklimpert. Dat konnt nëmmen eppes heeschen: spadséieren! Gutt gelaunt ass d’Madamm Delarü op si zougelaf, dobäi huet hir Zong wäit aus der Schnëss gehaangen. Beim Trëppelen ass der Madamm Delarü opgefall, dass souguer de Buedem ënnert hire Patten sech verännert hat. Am Gaart war e fest an donkel. Elo ass en ëmmer méi hell a locker ginn. Sand hat si immens gären, well et si un hir Heemecht ënnert huet. Mee esou vill Sand, wéi hei, hat si nach ni gesinn. Tëscht hire Krallen a Ballen huet en sech angeneem waarm ugefillt.
Vun hire Patten huet sech hire Bléck bemol no vir geriicht. Si konnt et net gleewen: Virun hir war de gréisste Wéier, deen si jee gesinn hat. An hirem Kierper ass eppes geschitt, wat si sech net erkläre konnt. Hir Häerz huet haart geklappt a si war bemol voller Energie. Si wollt einfach nëmme bei dee wonnerbare Weier! Vu Freed huet si e puer Spréng gemaach. D’Meedchen huet si lassgestréckt an d’Madamm Delarü ass lassgejauft – iwwert d’Plage, an de Sonnenënnergang.
D’Mier – oder no der Madamm Delarü, „de grousse Wéier“ – war eppes Wonnerbares. Obwuel et waarm war, gouf et ëmmer eng frësch Lëftchen. Op der Plage war esou vill Plaz, si war esou weit, dass een net gesinn huet, wou se ugefaangen a wou se ophalen huet. D’Dauschen, d’Kommen a Goe vun de Welle war eppes ganz Besonnesches. Och wann d’Wellen hir nach net ganz geheier waren, d’Madamm Delarü konnt einfach net anescht, wéi sech an d’Mier ze stierzen. D’Meedche war direkt hannert hir an huet gelaacht.
Si hu gespillt, si geschwommen a gelaf. An d’Madamm Delarü ass iwwerglécklech iwwert de Sand gefatzt. Hei war si fräi. Si huet alles erschnoffelt, wat ronderëm si war: Muschelen, Algen, Welleschaum. A wou si e Ruddel Méiwe gesinn huet, konnt si einfach net anescht, wéi derduerch ze jauwen. D’Méiwe waren opbruecht a sinn a Panik fortgeflattert. Wou d’Meedche geruff huet, ass d’Delarü sou séier et gaangen ass, gelaf komm. D’Aktioun mat de Méiwen hat dem Meedchen net esou gutt gefall. Trotzdeem hate si eng schéin Zäit.
All Moien an Owend, wann op der Plage net esou vill lass war, si si dohinner zeréckkomm. Mol hu si en einfache Spadséiergang gemaach, mol huet d’Meedche Fotoe vun der schéiner Landschaft gemaach. Da wosst d’Madamm Delarü, dass hatt e bësse méi Zäit gebraucht huet. Si huet da gewaart, éier se zesumme weider gaange sinn, op déi nächst Aventure.
Um leschte Moie vun hirer Vakanz si Meedchen a Mupp rëm op d’Plage komm. Net fir vill spadséieren ze goen, mee fir „Sonn ze tanken“, sot d’Meedche mol. D’Madamm Delarü huet sech gär gesonnt. An deem Land, aus deem si komm ass, huet d’Sonn méi oft a méi staark geschéngt, wéi zu Lëtzebuerg oder an der Vakanz.
Wou d’Meedchen hir Saachen ausgepak huet – zwee Bueddicher, e Sonnepräbbeli a Waasserfläschen – huet sech d’Madamm Delarü bei hatt geluecht. D’Meedchen huet sech mat enger komescher Flëssegkeet ageriwwen, mee d’Delarü huet dat net gebraucht, schliisslech hat si jo e Pelz. Alle béid hunn d’Sonn genoss an dobäi d’Aen zougemaach, well et esou einfach vill besser geet. Si hunn de Wand op hirer Haut (oder an hirem Pelz) gespuert an dem Dausche vum Mier nogelauschtert.
No enger Zäitchen ass et der Madamm Delarü e bëssen ze waarm ginn, obwuel si schonn e puer mol an d’Waasser waren. Wéi fréier am Asyl huet si sech e Lach gebuddelt, well si wousst, dass et ënnert dem waarmen, dréchene Sand schéi kill war. D’Meedchen huet gequiitscht a gelaacht, well net nëmme säi Buedduch, mee och hatt voller Sand waren. Zesummen hu si nach e bësse Sonn getankt. De kalen an naassen Hierscht stoung doheem scho virun der Dier.